Zeta
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Den Zeta (griicheschen Neutrum, Majuskel Ζ, Minuskel ζ) ass de 6. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche System en Zuelewäert vu 7.
Zeta am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- An der Mathematik gëtt d'Symbol ζ ënner anerem fir d'Riemannsch ζ-Funktioun gebraucht.
- Am Ingenieurswiese gëtt ζ munnechmol fir den Drockverloschtbäiwäert gebraucht.
- An der Meteorologie steet ζ fir d'Vorticity.
- Als Erkennungszeechen (Zetapin) fir Zoophile an der Ëffentlechkeet.
- Als Dämpfung resp. Dämpfungsgrad an der Reegelungstechnik.