Ulrich vun Augsburg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ulrich vun Augsburg
Ulrich von Augsburg
Titel
Titel Bëschof Diözees Augsburg
Biographie
Gebuer 890 jul.
Wittislingen
Gestuerwen 4. Juli 973 jul.
Augsburg
Graf Ulrich-an-Afra-Kierch
Nationalitéit Ostfrankeräich
Papp Hupald I Grof vun Dillingen
Mamm Dietbirg vun Thurgau
Geschwëster Dietwald vun Dillingen
Aktivitéit Kathoulesche Priister
Aner Informatiounen
Statut Kanoniséierten Hellegen (993 (julianesch))
Gedenkdag 4. Juli
Graf an der Ulrich-an-Afra-Kierch zu Augsburg
Zwee Ulrichskräizer

Den Ulrich vun Augsburg, an der kathoulescher Kierch als Hellegen Ulrich bekannt, gouf ëm 890 zu Wittislingen bei Dillingen a Bayern gebuer an ass de 4. Juli 973 zu Augsburg a Bayern gestuerwen. Hie war vun 923 bis zu sengem Doud den 19. Bëschof vun Augsburg.

A villen Duerstellunge gëtt den Ulrich als den éischte bestätegt, deen duerch eng Kanonisatioun helleg gesprach gouf. De Poopst Johannes XV. soll d'Hellegspriechung den 3. Februar 993 zertifiéiert hunn, awer d'Formuléierung vum Dokument ass nëmmen an Ofschrëfte vu méi spéit iwwerliwwert.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Ulrich gëtt gemenkerhand am Ornat vun engem Bëschof a mat engem Fësch duergestallt, dacks andeems en op engem Päerd sëtzt.

D'Ulrichskräiz ass och en Zeeche fir den Ulrich erëmzekennen.

Dem Ulrich seng reliéis Veréierung huet scho kuerz no sengem Begriefnis ugefaangen. Hie gouf direkt no sengem Doud als sanctus bezeechent a veréiert. Nach zu Liefzäiten hat hie sech säi Graf op der Südsäit vun der nei gebauter Augsburger Ulrich-an-Afra-Kierch baue gelooss, dat direkt no sengem Doud fir vill Gleeweger eng populär Wallfaartsplaz gouf.

Dem Ulrich säi Gedenkdag ass säin Doudesdatum, de 4. Juli. Am Bistum Augsburg ass den Ulrichsdag en Héichfest (Sollemnitas).

Hien ass de Patréiner vun de Leit déi reesen, vun de Wanderer, Fëscher, Wiewer, Wënzer an deenen déi stierwen. Hie gëtt bei schwéiere Gebuerten ugeruff, géint Féiwer, kierperlech Schwächt, Wansinn an Tollwut, bei Raten- a Maisploen a géint Iwwerschwemmungen.

Fir un den hellegen Ulrich z'erënneren, gouf eng Strooss am Stadgronn nom him genannt (Rue Saint-Ulric).

Commons: Ulrich vun Augsburg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]