Podgorica

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Podgorica
Land Montenegro
Awunner 150.977
  2011
Fläch 1.205 km²
Héicht 45 m
Koordinaten 42°26'29"N, 19°15'46"O
Telefonszon 20
Postcode 81000
Websäit http://www.podgorica.me/
Skyline vu Podoroca, mat vir der Hl. Péiter vun Cetinje Plaz

Podgorica (kyr. Подгорица) ass mat ronn 150.000 Awunner (2011) d'Haaptstad vum Montenegro. Si läit an enger grousser Glécht op där Plaz wou d'Zeta an d'Morača leeft.

Vun 1946 bis 1992 housch d'Stad Titograd. Den aktuellen Numm Podgorica bedeit souvill wéi ënner dem Hiwwel.

Am Joer 1326 gouf Podgorica fir d'éischt Kéier als kleng Siidlung ernimmt a stoung laang am Schied vu Skutari, Medun an de Küstestied Bar a Budva, spéider dann och vun Cetinje. Si huet Mëtt des 14. Joerhonnert zum serbesche Räich vum Zar Stefan Dušan gehéiert, duerno zu de Fürstentemer vun de Balšić (bis 1421), Lazarević/Branković (1421–1439/1444–1452) an den Crnojević (bis 1466). Kuerzzäiteg stoung d'Stad och ënner venezianescher Herrschaft. Vu 1466 u war Podgorica en Deel vum Osmanesche Räich. D'Osmanen hunn do eng grouss Festung gebaut, fir sech géint Ugrëff vun de fräie montenegrinesche Stämm aus de Bierger ze schützen. Mat der Festung ass déi strateegesch Bedeitung vu Podgorica gewuess. Um Berliner Kongress (1878) gouf Podgorica Montenegro zougesprach, deem seng Haaptstad zu där Zäit Cetinje war. D'Resultater vum Kongress hunn d'Enn vu 4 Joerhonnerten ënner osmanescher Herrschaft bruecht. Podgorica ass zanterhier déi gréisst Stad vum Land an déi wichtegst Handelsplaz.

Am Éischte Weltkrich stoung Podgorica vun 1916 bis 1918 ënner éisträichescher Besatzung. 1918 koum d'Stad mat Montenegro zu Jugoslawien. Am Zweete Weltkrich koumen no den italieenesche Besatzer (1941–1943) déi Däitsch (1943–1944). D'Stad war wärend dem Krich enger 70 Loftugrëff ausgesat, déi se bal ganz zerstéiert hunn. Am Dezember 1944 gouf se vu jugoslawesche Partisane befreit. 1946 gouf d'Stad zu Éiere vum jugoslawesche Ministerpresident Josip Broz Tito an Titograd ëmbenannt a gläichzäiteg zur Haaptstad vun der jugoslawescher Deelrepublik Montenegro erkläert. Zanter dem 2. Abrëll 1992 heescht se nees Podgorica. Nom Onofhängegkeetsreferendum 2006 gouf Podgorica d'Haaptstad vum neie Staat Montenegro.

Fotosalbum vun der Stad

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Podgorica – Biller, Videoen oder Audiodateien