Gould (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gould
Koordinaten 19°15'36"S, 17°15'0"W
Duerchmiesser 33 km
Déift 190 m
Selenographesch Längt 17° bei Sonnenopgank
Genannt no Benjamin Apthorp Gould
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19

De Gould ass e Rescht vun engem Aschlagkrater am Südweste vun der viischter Äerdmoundsäit an der Mëtt vum Mare Nubium, nordëstlech vum Krater Bullialdus an nordëstlech vum Nicollet.

De Krater ass vun de basaltesche Lave vum Mare gréisstendeels opgefëllt, sou datt nëmmen nach e Rescht vum westleche Kraterrand siichtbar ass, vum iwwrege Kraterrandverlaf sinn nëmmen nach Spueren z'erkennen.

Vum südëstleche Rand aus leeft eng Kette vu méi klenge Krateren a südwestlecher Richtung bis zum Niewekrater Gould B.

Gould Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
A -19,24° S -17,1° W 3,34 km
B -20,54° S -18,55° W 3,55 km
M -17,65° S -17,27° W 41,54 km
N -18,34° S -17,73° W 17,33 km
P -18,86° S -16,69° W 7,55 km
U -18,25° S -15,01° W 2,31 km
X -20,92° S -16,97° W 2,54 km
Y -20,6° S -15,93° W 2,46 km
Z -19,58° S -15,22° W 1,97 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom US-amerikaneschen Astronom Benjamin Apthorp Gould genannt.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]