Peter Apian

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Peter Apian

De Peter Apian / Petrus Apianus ass gebuer den 16. Abrëll 1495 zu Leisnig; a gestuerwen den 21. Abrëll 1552 zu Ingolstadt. Hie war en däitsche Renaissancegeléierten, dee sech duerch villsäiteg wëssenschaftlech an schrëftlech Schaffen auszeechent.

Liewen a Wierk

Sai richtegen Numm war Peter Bennewitz oder Bienewitz ('Biene-witz' am Sënn vun "Bienen-dorf"; lat. apis = Biene = Bei).

Den Apian war Mathematiker, Astronom, Geograph a Kartograph an huet an dësen Eegeschaften d’Gonscht vum Keeser Karl V. kritt, deen hien a senge Bridder (Georg, Gregor an Niclas) den 20. Abrëll 1541 op dem Räichsdag vu Regensburg geadelt huet. Nëmmen e bëssche méi spéit gouf den Apian zum Hofpfalzgrof ernannt.

Den Apian huet an den Universitéiten Leipzig an Wien studéiert. Hie gouf 1527 Professer vun der Mathematik zu Ingolstadt, obwuel hien nëmmen zum Bakkalaureus graduéiert war.

Den Apian huet eng Method entwéckelt, fir d'geographesch Längten mat Hëllef vun de Mounddistanzen ze moossen. Am Joer 1527 huet hien als éischten Europäer, virum Blaise Pascal, eng Variant vum Pascalschen Dräieck verëffentlecht, dat schon vun den ale Chineese bedingt ginn ass. Hien huet och 1531/32 duerch Observatiounen erausfonnt, datt de Schwanz vun de Koméiten diametral vun der Sonn ewechweist. Obwuel dëst am Joer 1531 och de Girolamo Fracastoro zu Verona entdeckt huet, war de Peter Apian op d’mannst deen éischten, wou dëst Phänomen graphesch duergestallt huet.

De Peter Apian ass de Papp vum Philipp Apian.

E puer vu senge Verëffentlechungen

  • Cosmographicus Liber. (Landshut 1524)
  • Instrument Buch. (1533)
  • Astronomicum Caesareum. (1540)

Literatur

Um Spaweck